Blog

Déieresch Begéinungen, Diversitéit an Autismus

Déieresch Begéinungen, Diversitéit an Autismus

Mir sinn all verschidden - wéi kënne mir eis besser kenneléieren a gutt mat eisen Emotiounen a Besoinen ëmgoen? E Samschdeg, den 27. Abrëll 2024 konnte Kanner a Elteren zwee flott Kannerbicher an eng vollgepaakte Këscht mat super Aktivitéite kenneléieren, fir genee dëse Froen op d'Spuer ze kommen. Hei gesäis du e klenge Film vun dësem faarwege Workshop. Wann et dir gefällt, da mierk dir scho mol dës Datumen: D'Rees vum Päiperlek gëtt e Samschdeg, den 27. Juli an e Samschdeg, den 16. November...

read more
Léier dech kennen a verbesser deng Kommunikatioun an deng Bezéiungen

Léier dech kennen a verbesser deng Kommunikatioun an deng Bezéiungen

Mäi Wee  Ech hunn d'Gewaltfräi Kommunikatioun am September 2018 entdeckt. Säitdeem maachen ech regelméisseg bei engem Übungsgrupp mat, vun Zäit zu Zäit huelen ech u Formatiounssëtzungen deel a säit kuerzem och am empathesche Café.  Schonn 2018, zwee Méint no dëser Entdeckung, wollt ech de Wee zur Zertifizéierung aschloen. D'Iddi ass 2023 rëm opkomm. Ech integréiere scho meng Erfarung a Wëssen innerhalb vun mengem Kompetenzberäich an de Formatiounen, déi ech ginn.  Mäin...

read more
Heinsdo leeft et ebe schif

Heinsdo leeft et ebe schif

E klenge Bericht iwwert eng rezent negativ Erfarung, aus där ech awer séier geléiert a gläichzäiteg gemierkt hunn, wat ech och mëttlerweil drop hunn a wien/wat do ass, fir mech ze ënnerstëtzen. Wann dat eent bei dat anert kënnt De Moien hat ech e Shooting mat enger Madamm, wou ech onfrëndlech fonnt hunn. Ech hu mech do onwuel gespuert a war no 30 Minutten erëm fort. Duerno war ech traureg an e bëssen opgewullt. Et wier flott gewiescht, wann et eng angenem a positiv Erfarung gewiescht wier. Mä...

read more
SOS-Übunge fir Stressregulatioun

SOS-Übunge fir Stressregulatioun

Eng Technik fir jiddereen  D’Kierperreaktioune bei Stress sinn ähnlech bei deene meeschte Mënschen. An eng natierlech Stressregulatioun funktionéiert usech och ähnlech. Esou datt dës Übunge super si fir jiddereen, egal ob autistesch oder net autistesch, gestresst oder einfach just heiansdo opgereegt.  Besser Liewensqualitéit - Maach mat!  Ech kann dës somatesch orientéiert Übunge wierklech vun Häerzen empfielen! Si erméigleche mir ze pauséieren, wann ech lasspoltere wëll. Si...

read more
Studie: Emotiounen a Liewensqualitéit

Studie: Emotiounen a Liewensqualitéit

D’Sorns Fanny ass eng Master-Studentin un der Universitéit Lëtzebuerg. Si schreift eng Masteraarbecht zum Thema Emotiounsregulatioun, Strees a Liewensqualitéit. Fir dat ze maachen, ass si op der Sich no autisteschen an net-autisteschen Participanten am Alter vun 18 Joer a méi. D’Haaptzil vun der Ëmfro: Erausfanne wat d'Erfarunge mat Emotiounsregulatioun, Stressbewältegung a Liewensqualitéit sinn. An dorauser Impulser fir méi passend Therapien an Hëllef kënne ginn. De Verlaf vun der Ëmfro: Eng...

read more
Skip to content