Léier dech kennen a verbesser deng Kommunikatioun an deng Bezéiungen

Mäi Wee 

Ech hunn d’Gewaltfräi Kommunikatioun am September 2018 entdeckt. Säitdeem maachen ech regelméisseg bei engem Übungsgrupp mat, vun Zäit zu Zäit huelen ech u Formatiounssëtzungen deel a säit kuerzem och am empathesche Café. 

Schonn 2018, zwee Méint no dëser Entdeckung, wollt ech de Wee zur Zertifizéierung aschloen. D’Iddi ass 2023 rëm opkomm. Ech integréiere scho meng Erfarung a Wëssen innerhalb vun mengem Kompetenzberäich an de Formatiounen, déi ech ginn. 

Mäin Erliewen 

Ech lieben d’Gewaltfräi Kommunikatioun! Se huet mäi Liewen immens beräichert. Zanter elo 5 Joer kann ech mat aneren interesséierte Leit dee Wonsch deelen, meng Verbindung zu mir selwer, zu Aneren an dem Liewen am Allgemengen ze verdéiwen an ze verbesseren. 

An engem entspaanten a frëndlechem Kader erkunde mir eis Bedierrfnisser, Froen, Emotiounen an Ausdrocksméiglechkeeten. Mir verdéiwen Themaen, üben empathescht Nolauschteren an entwéckele Strategië fir zum Wuelbefannen vu Jidderengem bäizedroen. 

Meng Meenung als autistesch Persoun 

Ech kann dës Approche an dëse Kontext vun Häerze recommandéieren! D’Gewaltfräi Kommunikatioun huet mir gehollef a hëlleft mir weiderhin, meng Bedierfnisser ze klären a Léisungen ze fannen. 

Si ënnerstëtzt mech och dobäi, déif an éierlech Bezéiungen ze liewen, op mech selwer opzepassen a meng Grenzen ze kommunizéieren. Se hëlleft mir Mëssverständnesser ze klären, meng Bedierfnisser auszedrécken an och déi vum Aneren ze verstoen. 

Si vereinfacht mäin alldeeglecht Liewen, erhéicht mäi Wuelbefannen a meng Liewensqualitéit an dréit bäi zur Entwécklung vun menge Frëndschaften a menger Partnerschaft. Well ech mir méi bewosst sinn iwwer meng Bedierfnisser a se eleng oder zesumme fleege kann, erliewen ech manner Frustratioun, Roserei an Traurigkeet a vill méi Einfachheet, Zefriddenheet a Liichtegkeet. 

Léier d’Gewaltfräi Kommunikatioun kennen 

Wann Dech dat interesséiert, kann ech De Cours vum Farrah Carlier recommandéieren. Méi Informatiounen an den Aschreiwungsformular fënns Du op hirer Websäit: Giraffarrah.eu (franséisch). Hei sinn d’kommend Daten an Theme vum Cours 2024 (zu Lëtzebuerg an zu Bréissel): 

  • 12.-14.01.2024 Lux – Sessioun 1 – D’Gewaltfräi Kommunikatioun entdecken 
  • 02.-04.02.2023 Lux – Sessioun 2 – Selbstempathie 
  • 08.-10.03.2023 Lux – Sessioun 3 – Scham, Roserei a Schold 
  • 22.-24.03.2024 Bxl – Sessioun 4 – D’Sprooch vun der Giraff 
  • 10.-12.05.2024 Bxl – Sessioun 5 – Interkulturalitéit 
  • 07.-09.06.2024 Bxl – Sessioun 6 – Ofhängegkeet 

An der Rubrik „Ressourcen“ > „Partner“ op hirem Site fënns Du weider Formatiounsoptiounen mat anere Formateuren:tricen. Et gi vill Formatiounen am Ausland. Hei ass d’Websäit vun enger Formatrice an Däitschland, mat där ech meng éischt Schrëtt gemaach hunn: Kerstin König, Echt-sein.de (däitsch). 

Gratis Angeboter zu Lëtzebuerg 

Zu Lëtzebuerg bidde mir Dir momentan zwee Formater un: en Übungsgrupp a de Café empathique. Beid Angeboter si gratis, d’Räimlechkeeten an d’Moderatioun ginn op fräiwëlleger Basis zur Verfügung gestallt. D’Organisatioun an den Austausch fënnt an engem WhatsApp-Grupp statt. 

Den Übungsgrupp besteet +/- säit 2013. Interesséiert Leit treffe sech ongeféier 8-10 Mol pro Joer perséinlech fir eng Dauer vun 3 Stonnen. Verstännegungssprooch: Franséisch. Plaz: Stad Lëtzebuerg. D’Daten: normalerweis Freides owes, samschdes oder sonndes. Zouloossungsbedéngungen: mindestens 4-6 Deeg Formatioun mat engem:er zertifizéierten:er Formateur:trice vum CNVC gemaach an e Motivatiounsbréif un Farrah Carlier geschéckt hunn. 

De Café empathique existéiert säit August 2023. Interesséiert Leit treffe sech iwwer Videokonferenz ongeféier all 3-4 Wochen fir eng Stonn. Verstännegungssprooch: Franséisch. D’Daten: mir wiesslen tëscht Donneschdes- a Freidesowender. Zouloossungsbedéngungen: d’Basis-Moduler (mindestens 4 Deeg) gemaach hunn. 

Mäi Wonsch 

Ech hoffen, dass nach vill aner Leit sech fir d’Gewaltfräi Kommunikatioun zu Lëtzebuerg interesséieren! An dass mir eventuell schonn nächst Joer Formater op Lëtzebuergesch ubidde kënnen. Ech wënsche mir, dass méi Leit dës positiv Erfarung maachen kënnen, wou een d’Wiel, de Räichtum an d’Fräiheet entdeckt, wann ee sech senge Bedierfnesser bewosst ass a weess, dass et vill méiglech Strategië ginn, se ze erfëllen. 

Skip to content