Déieresch Begéinungen, Diversitéit an Autismus

Mir sinn all verschidden – wéi kënne mir eis besser kenneléieren a gutt mat eisen Emotiounen a Besoinen ëmgoen?

E Samschdeg, den 27. Abrëll 2024 konnte Kanner a Elteren zwee flott Kannerbicher an eng vollgepaakte Këscht mat super Aktivitéite kenneléieren, fir genee dëse Froen op d’Spuer ze kommen.

Hei gesäis du e klenge Film vun dësem faarwege Workshop. Wann et dir gefällt, da mierk dir scho mol dës Datumen: D’Rees vum Päiperlek gëtt e Samschdeg, den 27. Juli an e Samschdeg, den 16. November am Familljen-Center ugebueden! Du wäerts och d’Oktopus-Këscht entdecke kënnen. Weider Informatioune kommen no. 

Skip to content