Video 4 – Roueg Stonnen

Manner Luucht a manner Kaméidi am Shoppingcenter – schonn zanter enger Zäit gëtt et dat hei zu Lëtzebuerg! E gudde Schrëtt a Richtung Inklusioun.

Aktuell gëtt et dëse Video nëmmen op Lëtzebuergesch. Ech wäert nach Ënnertitelen dobäisetzen.

Video Transkript

Vläit hues De schonn dovunner héieren. Zanter enger Zäit ginn et lo och hei zu Lëtzebuerg déi roueg Stonnen. Dat ass eng Firma, déi dat zesumme mat engem groussen Akafszentrum an d’Liewe geruff huet, zesumme mat der FAL a mat mir. An dat huet am Moment wierklech Succès hei am Land, et gi ganz vill positiv Kommentarer do derzou. Ech erliewen et och als ganz positiv an als richtegen a wichtege Schrëtt zur Inklusioun. Et wäerten nach vill weider Informatiounen dozou kommen. Verschiddener fënns De schonn hei um Internetsite. A wann s Du och Erfarunge domadder gemaach hues, so mer gär Bescheed, schreif mer per E-Mail oder iwwert de Formulaire. A vläicht och, wann s De Kommentarer hues, wéi entweeder positiv Erfarungen oder Kritik oder nach weider Iddien, mell Dech, well si sinn drun interesséiert, fir et och weider ze verbesseren an nach weider hei am Land ze verbreeden. Dozou wäert nach méi kommen. Eis Erfarunge si wichteg, wéi mir dat erliewen. A wa mer nach aner gutt Beispiller hunn, wann eis iergendeppes opfält, dat kënne si mat opbaue fir et einfach nach méi accessibel ze maachen, nach méi autismusfrëndlech. Ech freeë mech vun der ze héieren. Alles Gutts a bis dann.  

Skip to content