Video 3 – Deng Rechter

Du hues Rechter! An et gëtt Leit, déi dech doran ënnerstëtze kënnen. Informéier dech a mell dech, fir datt d’Bedéngunge geschaf kënne ginn, déi s Du brauchs, fir gutt liewen, léieren a schaffen ze kënnen.

Aktuell gëtt et dëse Video nëmmen op Lëtzebuergesch. Ech wäert nach Ënnertitelen dobäisetzen.

Video Transkript

Eppes, wat ech rezent iwwer verschidden onangeneem Erfarunge geléiert hunn, ass, datt mir Rechter hunn, datt et wichteg ass, déi ze kennen, och déi entspriechend Ulafstellen, déi eis kënnen doranner ënnerstëtzen, wann déi Rechter net beuecht ginn a fir déi dann och anzefuerderen an ëmzesetzen. Wann s De méi doriwwer wëlls gewuer ginn, mell Dech gär bei mir. 

Wann s De selwer an enger Situatioun bass, wou s De entweeder gemobbt gëss oder wou s De eigentlech Verschiddenes brauchs, mee déi Leit an Dengem Ëmfeld schéngen et net ze héieren an Dech net dobäi ze ënnerstëtzen, fir dat och ëmzesetzen, sief dat op der Aarbecht oder an der Schoul, wou et wichteg wär, datt s De verschidde Bedéngungen häss fir kënnen ze schaffen oder ze léieren, da bass De net eleng domadder.

Dat geschitt heefeg an et ginn Hëllefstellungen, et gi Leit, déi kënnen hëllefen, datt s De dat kloer kommunizéiere kanns, datt s De dat och schrëftlech ausgewise kriss an déi sech mat dofir asetzen, dass och déi Bedéngunge kënnen hirgestallt ginn. 

Mell Dech gären iwwert de Formulaire oder per E-Mail. Ech wäert och kucke fir iwwert Newsletter och weider Informatiounen dozou ze bréngen, wann d’Leit dat ufroen. Bon Courage, alles Gutts an et geet besser. 

Skip to content