Home

Wëllkomm! 

Du bass op der richteger Säit gelant, wann déi folgend Uleiessen op Dech zoutreffen: 

  • Du bass (eventuell) autistesch a wëlls méi iwwer Autismus wëssen
  • Du kenns en autistesche Mënsch a wëlls hien oder hatt besser verstoen an ënnerstëtzen
  • Du wëlls mat enger autistescher Persoun an d’Gespréich kommen. 
  • Du probéiers ze verstoen, wat Dir hëlleft a wat s Du brauchs
  • Dir ass et wichteg, Gefiller ze erkennen a besser mat hinnen ëmzegoen. 
  • Du wëlls léieren, wéi s Du Däi Liewen autismusfrëndlech gestalte kanns. 
  • Du wëlls wëssen, wat Deng Stäerkte sinn. 
  • Du bass Dir der Wichtegkeet vu gudder Kommunikatioun bewosst a wëlls üben. 
  • Du striefs méi Liewensfreed, Selbststännegkeet, Erfolleg a gutt Bezéiungen un. 

Blog & Vlog

Regelméisseg kréien ech Froen zu verschiddenen Themen gestallt. Ech erliewen och ëmmer nees Momenter, bei deenen ech denken, dat kéint ech erzielen. Dofir wäert ech hei e puer Asiichten an Äntwerten deelen. Du fënns se a Form vu Videoen an/oder schrëftlechen Bäiträg. Ech wäert dat schrëttweis produzéieren an ergänzen. Vill Spaass beim Liesen an Nolauschteren!.

Déieresch Begéinungen, Diversitéit an Autismus

Déieresch Begéinungen, Diversitéit an Autismus

Mir sinn all verschidden - wéi kënne mir eis besser kenneléieren a gutt mat eisen Emotiounen a Besoinen ëmgoen? E Samschdeg, den 27. Abrëll 2024 konnte Kanner a Elteren zwee flott Kannerbicher an eng vollgepaakte Këscht mat super Aktivitéite kenneléieren, fir genee...

Video 5 – Schueberfouer

Video 5 – Schueberfouer

Dat genéissen? Jo, verschidden autistesch Mënsche schonn. Wann de Besuch virbereet ass an deng eege Grenze bekannt sinn. Aktuell gëtt et dëse Video nëmmen op Lëtzebuergesch. Ech wäert nach Ënnertitelen dobäisetzen.

Begleedung, Ënnerstëtzung & Austausch 

Häerzlech wëllkomm op menger Website! Et freet mech, dass Du do bass an elo de Wee untrëtts, Dech selwer besser kennen ze léieren a fir Dech ze suergen. 

Ech hoffen, dass Du elo schonn eng gutt Ënnerstëtzung hues. Perséinlech hunn ech d’Erfarung gemaach, dass Schwieregkeeten duerch ugepassten Hiweiser an Ënnerstëtzung iwwerwonne kënne ginn. 

Duerch den Austausch mat betraffene Persounen, Erfarungsberichter a Quellen, déi gelieftent Wësse weiderginn, kanns Du Autismus besser verstoe léieren an Dir e méi schéint Liewen opbauen. 

Angeboter

Angeboter 

Et gi vill Méiglechkeeten, Deng Ziler ëmzesetzen an z’erreechen an ech bidden Dir verschidden Optiounen un. 

Kuck Dir gär déi verschidde Formater an Theemen un, andeems Du op d’Icons oder de Button klicks. 

Mäin (autistesche) Werdegang 

Bass Du dorun interesséiert, besser mat Autismus liewen ze kënnen? Als autistesch Beroderin an Trainerin ass et mir e ganz besonnescht Uleies, d’Liewensqualitéit vun autistesche Mënschen a vun hirem Ëmfeld ze verbesseren. Ech freeë mech, Dech iwwert dës Website ze begleeden an eventuell och perséinlech kennenzeléieren. 

Mat frëndleche Gréiss a bis geschwënn, 
Joanne Theisen 

Skip to content