Informatiounen

Interessantes

An dësem Abschnitt fënns Du Links zu diverse Säiten, déi ech sou fonnt hunn an entweder op den éischte Bléck interessant fonnt hunn oder déi ech regelméisseg liesen. Ech wäert dat am Laf vun der Zäit ergänze mat weidere Links zu Websiten, Videoen a Bicher. Eng Auswiel vu Videoen, Filmer, Serien a Bicher fënns Du schonn op der Website https://autismus-welten.lu/infos/.

Hei sinn interessant an nëtzlech Links zu iwwergräifenden Themen, déi mir an der Vergaangenheet gehollef hunn oder nach ëmmer hëllefen. Beispiller: Inklusioun, ugepasste Moossnamen, an ähnleches. 

Mëttlerweil deele vill autistesch Mënschen an Elteren oder Partner:innen hir Liewenserfarungen am Internet. Dës Abléck kënne ganz hëllefräich fir aner Mënsche sinn. Berichter vu Betraffener droen zu engem bessere Verständnes bäi a ginn anere Betraffener e Gefill vun “Ech sinn net eleng. Anerer geet et ähnlech wéi mir.” Besonnesch opbauend sinn d’Weidergi vu Strategien a Léisunge souwéi d’Feiere vun Erfolleger a schéinen Erfarungen.

Wann s Du Interessantes hues, dat s Du gär deele wëlls, schéck mir gär eng Noriicht per E-Mail u contact(at)joannetheisen.com! A wann s Du kritesch oder luewend Umierkungen hues, so mir och gär Bescheed. Ech freeë mech op Deng Réckmeldung!

Autistesch an net-autistesch professionnell Uspriechpartner·innen

Dr. Christine Preißmann

Dr. Christine Preißmann

Autistesch Doktesch

Dr. Christine Preißmann ass eng autistesch Doktesch a bedreift eng Praxis fir Psychotherapie. Si ass och Autorin a bitt Online-Coursen un. Ech hunn e puer Bicher vun hir gelies, déi mir ganz gehollef hunn. Sprooch: Däitsch. Link zur Internetsäit.

Bill Nason

Bill Nason

Expert

De Bill Nason ass en Expert fir psychesch Gesondheet mat engem Master-Ofschluss a klinescher Psychologie. Op senger Facebook-Säit “Autism Discussion Page” deelt hien onwahrscheinlech vill wäertvoll Informatiounen, Tipps an encouragéierend Botschaften. Ech liese seng Beiträg regelméisseg a léieren ëmmer nees dobäi. Sprooch: Englesch.

Julie Dachez

Julie Dachez

Autistesch Sozialpsychologin

D’Julie Dachez ass eng autistesch Sozialpsychologin. Op hirer Facebook-Säit “Julie’s academy” informéiert si iwwer hir Online-Coursen a gëtt interessant Hiweiser. Si behandelt Theme kritesch a beleet se mat wëssenschaftleche Fuerschungen. Sprooch: Franséisch. Link zur Internetsäit.

Autismus deutsche schweiz

Autismus deutsche schweiz

Veräin

De Veräin “autismus deutsche schweiz” deelt op senger Facebook-Säit Evenementer, Hiweiser zu Sendungen a Servicer souwéi Fortbildungen. Ech hunn eng Konferenz vun hinne matgemaach a war begeeschtert, well si autistesch Spriecher:innen a Moderatoren dobäi haten. Sprooch: Däitsch. Link zur Internetsäit.

Samantha Rizzi

Samantha Rizzi

Autistesch Psychologin

D’Samantha Rizzi ass eng autistesch Psychologin a bedreift hir eege Praxis. Op hirer Facebook-Säit deelt si Tipps an Informatiounen zu verschiddenen Themen. Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Link zur Internetsäit

Fondation Autisme Luxembourg (FAL)

Fondation Autisme Luxembourg (FAL)

Fondatioun

D’Fondation Autisme Luxembourg (FAL) gëtt vun Elteren vun autisteschen Kanner a Jugendlechen gefouert. Si bidden eng ganz Reih vu verschiddenen Servicer un. Op hirer Facebook-Säit informéiere si iwwer Weiderbildungen, Aktivitéiten, Aktuelles an Interessantes zum Thema Autismus. Si hun mir besonnesch mam Diagnose, dem “Soutien”-Service an der Sozialkompetenztrainingsgrupp gehollef. Zousätzlech ënnerstëtzt hir Kommunikatioun- an Weiderbildungsafdeelung mech regelméisseg. Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch and deelweis Englesch. Link zur Internetsäit.

Autisme Luxembourg asbl

Autisme Luxembourg asbl

Asbl

D’Autisme Luxembourg asbl informéiert op hirer Facebook-Säit iwwer Evenementer an hir Atelieren. Si hun mir damools mat enger Jobcoach am Kader vun engem europäesche Projet ganz gehollef. Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch. Link zur Internetsäit.

Magazin Autismus verstehen

Magazin Autismus verstehen

Magazin

De Magazin “Autismus verstoen” ass e Magazin vun an mat autistesche Leit. Ech hunn e puer Magaziner bestallt a fannen d’Beiträg interessant. Allerdéngs sinn ech nach net wäit mat der Lektür komm. Ech fannen et super, dass déi Themen an Inhalter zesumme festgeluecht ginn an dass autistesch Leit matschaffen. Esou stellen ech mir Journalismus vir. Sprooch: Däitsch. Link zur Internetsäit.

Temple Grandin

Temple Grandin

Autistesch Wëssenschaftlerin an Déiereverhalensfuerscherin

D’Temple Grandin ass eng autistesch Wëssenschaftlerin an Déiereverhalensfuerscherin. Op hirer Websäit, speziell op de Säite “FAQ’s” a “Featured Articles,” schreift si hir Meenung zu verschiddenen Themen. Ech hu vill Videoe vun hir op YouTube gekuckt. Et ass hir ganz wichteg, dass autistesch Kanner gefërdert ginn an dass Jugendlecher wichteg Fäegkeete léiere fir en Job auszeüben a selbstänneg liewen ze kënnen. Sprooch: Englesch. Link zur Internetsäit.

Auticon

Auticon

Firma

Auticon ass eng Firma, déi bewosst d’Stäerkte vun autistesche Leit asetzt. Si bidden och Formatiounen un, fir datt aner Firmen erfollegräich neurodivers Teams entwéckelen. Ech hu bis elo wéineg Kontakt mat hinnen, sinn awer begeeschtert vu hiren Texter an hirer Siicht op autistesch Mataarbechter:innen, souwéi hirem ganzheetleche Konzept. D’Firma ass a 14 Länner vertrueden, ë.a. an Däitschland, der Schwäiz an a Frankräich. Insgesamt hu si aktuell iwwer 30 Büroen. Sproochen: Däitsch, Franséisch an Englesch. Link zur Internetsäit.

Autismus Forschung an der Universität Luxemburg

Autismus Forschung an der Universität Luxemburg

Fuerschung

D’Autismus Fuerschung un der Universitéit Lëtzebuerg informéiert op hirer Websäit iwwer Studien, Projeten, Erkenntnisser an Entwécklungen. Ech hu regelméisseg Kontakt man Maïte Franco an der Dr. Andreia Costa a freeë mech vill iwwer hiren Asaz an hiren Interessi. Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Link zur Internetsäit

Autismus-Forschungs-Kooperation (AFK)

Autismus-Forschungs-Kooperation (AFK)

Autistesche Leit a Wëssenschaftler·innen

D’Autismus-Fuerschungs-Kooperatioun (AFK) ass eng Kooperatioun vu autistesche Leit an Autismus-Wëssenschaftler·innen. Si erfuerrschen zesumme Froen, déi aus der Perspektiv vu autisteschen Erwuessenen relevant sinn. Ech hunn e puer vun hire Poster gelies a fanne se interessant. Ausserdeem schätzen ech hir Virgehensweis. Sprooch: Däitsch an Englesch. Link zur Internetsäit

Autistesch Kënschtler·innen

George Philippart

George Philippart

Autistesche Sänger a Projetmanager

De George Philippart ass en autistesche Sänger a Projetmanager. Hien huet eng wonnerbar Stëmm an engagéiert sech fir flott sozial Projeten. Op senger Facebook-Säit deelt hie seng Lidder, Videoen, Evenementer a Konzerten. Link zur Internetsäit a Link zu YouTube.

Daniela Schreiter alias Fuchskind

Daniela Schreiter alias Fuchskind

Autistesch Kënschtlerin

D’Daniela Schreiter alias Fuchskind ass eng autistesch Kënschtlerin an deelt op hirer Facebook-Säit hir wonnerbar an humorvoll Zeechnungen, souwéi perséinlech Abléck. Ech hunn hir frëndlech Aart an hir uspriechend a sympathesch Biller gär an datt si hir Talent ausliewe kann. Sprooch: Däitsch an Englesch. Link zur Internetsäit

Erfarungsberichter

Tina König

Tina König

Mamm vun engem autisteschen Jong

D’Tina König ass d’Mamm vun engem autisteschen Jong. Op hirer Facebook-Säit schreift si iwwer deeglech Situatiounen, Herausfuerderungen an Entwécklungen. Ech kenne si net wäiter an hun mech nach net vill mat hire Beiträg beschäftegt. Duerch de Wëssen vun enger Frëndin hun ech si entdeckt. D’éischt puer Ienrecher, déi ech gelies hun, hun ech ganz interessant fonnt, dofir deel ech se hei. Sprooch: Däitsch.

Inklusioun an Amenagementer

guichet.lu

guichet.lu

Websäit

  • Op guichet.lu stinn Informatiounen, wéi Ënnerstëtzung fir Schüler:innen am Sekondär- oder Erwuessenbildungsberäich ugefrot ginn kann. Link zur Internetsäit.
  • Op guichet.lu fënnt een am Allgemenge vill Hiweiser fir méiglech Ufroen. Link zur Internetsäit.
Sylvie Bonne

Sylvie Bonne

Spezialistin fir einfach a liicht Sprooch

Vill Leit verstinn Informatiounen an einfacher an a liichter Sprooch besser. Si kënnen esou besser um gesellschaftleche Liewen deelhuelen. A si kënnen esou och hiert Liewe méi selbstänneg liewen. D’Sylvie Bonne vereinfacht Texter op Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch. Si schreift d’Texter genee sou wéi vill Mënsche si brauchen: einfach erkläert. Si bitt och en einfachen, iwwersiichtleche Layout un. A si ënnerstëtzt bei Evenementer, wou eng Iwwersetzung a mëndlech liicht Sprooch gebraucht gëtt. Link op d’Internetsäit a Link op LinkedIn. 

Raúl Krauthausen

Raúl Krauthausen

Inklusioun-Aktivist

De Raúl Krauthausen ass en Inklusioun-Aktivist. Op senger Websäit schreift hien iwwer vill Projeten an aktuell Themen. Ech hu säin Newsletter abonnéiert an e Buch vun him kaf. Ech fanne seng Texter ganz interessant, kloer, kritesch a gutt informéiert. Hie kann d’Verständnis vun Inklusioun staark verbesseren. Link zur Internetsäit.

Mir konnten Deng Umeldung net confirméieren.
Deng Umeldung ass confirméiert.
Newsletter JT
Abonnéier meng Newsletter fir Neiegkeeten, Geschichten an Tipps ze kréien.

Wir verwenden Brevo als unsere Marketing-Plattform. Wenn Sie das Formular ausfüllen und absenden, bestätigen Sie, dass die von Ihnen angegebenen Informationen an Brevo zur Bearbeitung gemäß den Nutzungsbedingungen übertragen werden.

Skip to content