Angeboter

Däin Uleies verwierklechen 

Allgemeng Informatiounen iwwer Autismus, autistesch Mënschen an Ulafstellen. Du kanns Dech informéieren an, wann néideg, Professioneller kontaktéieren. Zum Beispill fir e Diagnosprozess.

Video-Log an Newsletter mat prakteschen Tipps an Insider-Wëssen aus der Siicht vun engem autistesche Mënsch fir en autismusfrëndlecht.

Perséinlechen Austausch mat mir. Ech bidden Dir e Raum, wou s Du Dech ausdrécke kanns, wou s Du gehéiert, gesinn, verstanen an ënnerstëtzt gëss. Et ass ganz wueldoend, berouegend a stäerkend, richteg verstanen ze ginn an ze fillen, dass et Leit gëtt, déi Deng Liewenserfarungen deelen a wëssen, vu wat s Du schwätz.

Individuell Übungssëtzungen a Gruppen-Übungssëtzungen zu verschiddenen Themen. Aktuell am Angebot: Gefiller, Kommunikatioun, Grenzen, Autismusfrëndlechkeet, Selbstfürsorge, Spezialinteressen.

Sensibiliséierungssëtzungen. Virun allem fir net-autistesch Mënschen, déi autistesch Mënschen am beruffleche oder privaten Ëmfeld hunn, Autismus verstoen a mat mir hir Froen oder Uleien diskutéiere wëllen.

Berodung vu Firmen, Organisatiounen, Schoulen, etc., fir d’Verstoe vun Autismus ze verbesseren an d’Schafung vun engem autismusfrëndlechen Ëmfeld erfollegräich ëmzesetzen.

Zu dësen Themen

Bei dëse Schwéierpunkte kann ech Dech begleeden, informéieren an/oder un entspriechend Expert:inne weiderleeden.

  • Léier Däi Sënnesprofil mat Denge Stressoren a Ressourcë kennen

  • Entwéckel en ugepassenten Ëmgang mat Grenzen an autisteschem Burnout

  • Pass d’UX an UI un d’Bedierfnesser vun autistesche Leit un

  • Verbesser d’Kommunikatioun tëscht autisteschen an net-autisteschen Leit

  • Verstéi Selbst- a Co-Regulatioun fir autistesch Leit an hiert Ëmfeld

  • Gestalt en autismusfrëndlecht Aarbechtsëmfeld a vermeid Autismusfeindlechkeet

  • Setz dech an am Fall vu Mobbing, Diskriminatioun an Ausgrenzung 

  • Këmmer dech nohalteg ëm Deng psychesch Gesondheet

  • Entdeck den Autismus-Spektrum

  • Diagnos – wat elo?

  • Setz Routinen a Ritualer bewosst an

  • Géi erfollegräich akafen

Weider Theme kommen.

Interesséiert? Da schreif mir, wat s Du wëlls. Ech ënnerstëtzen Dech.

Skip to content