Iwwer mech

Sou geet et mir elo

Säitdeem ech verstinn, wéi ech “ticken”, kann ech dofir suergen, datt et mir gutt geet.

Duerch den Austausch mat aneren autistesche Mënschen an d’Begleedung duerch autistesch Professioneller hunn ech geléiert, mech esou z’akzeptéieren a gär ze hunn, wéi ech sinn. Ech setzen elo regelméisseg Techniken a Routinen an, déi mir Wuelbefannen, Verbonnenheet a Gelénge bréngen.

Säit menger spéider Diagnos am Alter vu 26 Joer huet sech vill verännert. Ech hunn elo schéi Frëndschaften, liewe gréisstendeels selbstänneg, sinn an enger glécklicher Bezéiung, war 7 Joer Employée a sinn elo um Wee an d’berufflech Selbstännegkeet als autistesch Beroderin an Trainerin a setze mech fir eng besser Liewensqualitéit fir autistesch Mënschen an hiert Ëmfeld an.

Ech ginn d’Wëssen an d’Fäegkeeten, déi ech mir ugëeegent hunn, weider. Meng Liewenserfarung huet mir en déift Verständnes vun Autismus souwéi den Ëmgang mat Schwierigkeete ginn. Dësweidere gräifen ech op meng Ausbildung als Erzéiungswëssenschaftlerin, berufflech Erfarung an der Kommunikatioun a Weiderbildung souwéi Fortbildungen a gewaltfräier Kommunikatioun, Selbst- a Co-Regulation a Potentialentfaltung zréck.

Wäerter, déi ech besonnesch schätzen: Authentizitéit, Eierlechkeet, Verantwortung, Selbstkenntnis, Equiliber, Géigesäitegkeet, Präsenz a Kloerheet. 

Ech interesséiere mech vill fir psychesch Gesondheet a Selbstregulatioun, Traumafuerschung a Resilienz, Wellbeing an Empowerment, Gewaltfräi Kommunikatioun, Neuropsychologie, Inklusioun an Autismus. Ech hunn ausserdem Laachen, Léieren, Verbonnenheet, Mier, Rou, Liichtegkeet, Spaass an Zefriddenheet gär.

Meng Schwieregkeete virun der Diagnos an der Ënnerstëtzung

  • Ech hat e puer Burnouts, well ech net wosst, datt ech oft sensoresch iwwerreizt war, méi Zäit gebraucht hu fir Informatiounen ze veraarbechten a sozial Interaktiounen mech erschöpfen. 
  • Den Ënnerscheed tëscht mengem direkte Kommunikatiounsstil an där Aart a Weis, wéi net-autistesch Leit schwätzen, huet dacks zu Konflikter a verletzte Gefiller gefouert. 
  • Ech hat regelméisseg Messverständnesser mat anere Leit; si hu mech net verstan an ech hu si net verstanen. 
  • Meng Schwieregkeeten a Froe goufen meeschtens net vun anere Leit gedeelt an ech sinn domat eleng bliwwen. 
  • Ech war dacks iwwerfuerdert vu mengen intensive Gefiller, déi ech net verstan an och net geréiere konnt. 
  • Ech hat keng Anung, wéi ech Leit aschätze sollt an ob ech hinne vertraue konnt oder net, oder wéi eng   Informatiounen ech mat wiem deele konnt. 

Meng Lafbunn a meng Formatiounen

  • Bachelor-Ofschloss an den Erzéiungswëssenschaften op der Universitéit Lëtzebuerg 
  • 8 1/2 Joer Sensibiliséierung a Formatioun iwwer Autismus an Inklusioun 
  • 7 Joer Beruffserfarung an der Kommunikatioun, Formatioun a Projetmanagement an enger Asbl, déi Leit mat Behënnerung informéiert an d’Ëmsetzung vun der UN-Konventioun iwwer d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung ënnerstëtzt
  • 5 Joer Übungsgrupp a Formatiounen a Gewaltfräier Kommunikatioun beim Farrah Carlier a Kerstin König 
  • Master-Studiegang an Organisatiounsentwécklung an Inklusioun (2024-2026) op der Héichschoul Neubrandenburg 
  • Zertifikat zum Potentialentfaltungscoach nom Gerald Hüther 
  • Zertifikat zur Übungsleiterin fir S-O-S Übunge fir emotional éischt Hëllef a Stressregulatioun nom Kati Bohnet 
  • Lafend Formatiounen an Autismus, Inklusioun, Diversitéit, Intersektionalitéit, Somatic Experiencing, Polyvagal-Theorie an Eischt Hëllef fir psychesch Gesondheet 
Skip to content