Roueg Stonnen

Säit Juni 2023 ginn et zu Lëtzebuerg erfreelech Mossname fir méi en autismusfrëndlecht Akafen. Dëst gouf initiéiert vun Nhood an ass bis elo am Akafenzentrum Auchan an der Cloche d’Or ëmgesat.

D’Entwécklung huet an Zesummenaarbecht mat der Fondation Autisme Luxembourg a mat mir stattfonnt. Et gëtt vill positive Feedback an Ufroen, sowohl vu Clienten, Geschäftsinhaber:innen an der Press.

D’Roueg Stonne kréien den Interessi vum Familljeminister

Am August huet sech de Familljeminister de Projet ugekuckt. An dunn am September prompt eng national Kampagne mat zousätzleche Partner ugefaangen: FLAD, Luxembourg Confederation an IMS Luxembourg. Hei fënns Du de Link zur Websäit mat dem Pressecommuniqué vum Ministère. Méi Informatiounen an Detailer zur d’Kampagne kommen no.

Fir et kuerz ze soen: Verschidde Partner schaffen un engem Guide, organiséiere Atelieren an Evenementer a bidde Berodungen un, fir d’Ëmsetzung vun de Rouege Stonne an esou vill Geschäfter wéi méiglech ze fërderen an z’ënnerstëtzen! Mir halen Dech iwwert de Fortschrëtt vun dëser Initiativ um Lafenden.

A gewannen den Diversity Awards 2023!

Enn September huet Nhood den Diversity Awards mat der Initiativ gewonnen. Weider Informatioune fënns Du iwwert dëse Link zur Websäit mat der Charta vun der Vilfalt.

Och d’Press begréisst d’Initiativ a bericht

Hei sinn e puer Linken zu Artikel, Berichten an Interviewen:

 

  • L’essentiel. „Silent Shopping“ startet auch in Luxemburg. Link zur Websäit.
  • Tageblatt. Für einen reizärmeren Einkauf: Shoppingcenter haben „stille Stunden“ eingeführt. Link zur Websäit.
  • Wort. Stille Stunden für entschleunigtes Einkaufen. Link zur Websäit.
  • virgule.lu. Des heures silencieuses dans tous les commerces du Luxembourg. Link zur Websäit.
  • 100,7. Roueg Stonne beim Akafen. Link zur Websäit a Video ënnen op dëser Säit.
  • RTL Magazin. Roueg Stonnen am Supermarché: Manner Luucht a manner Kaméidi. Link zur Websäit a Video ënnen op dëser Säit.

    Aktuell ginn et d’Roueg Stonnen op dëse Plazen zu dësen Zäiten:

    • Cloche d’Or: Dënschdes vun 16:00-17:00 Auer. Donneschdes vun 15:00-16:00 Auer.
    • Auchan Kirchberg: Dënschdes vun 9:00-11:00 Auer. Donneschdes vun 14:00-16:00 Auer.
    • Mano (Stad Lëtzebuerg): Méindes, dënschdes an donneschdes vun 9:00-10:00 Auer. 
    • Cora Féitz: Méindes, dënschdes, mëttwochs an donneschdes vun 13:00-15:00 Auer. 
    • Lush (Stad Lëtzebuerg): Méindes, dënschdes an donneschdes vun 10:00-12:00 Auer. 

    Wëlls Du Feedback zu dëser Moossnam ginn? Da schéck mer gär eng Noriicht per Formulaire oder E-Mail u contact(at)joannetheisen.com. Du kanns Dech och un déi aner Partner wenden. 

    Radio 100,7

    Sendung “Den Hallwer Néng”

    RTL Magazin

    “Roueg Stonnen am Supermarché: Manner Luucht a manner Kaméidi”

    Diversity Awards 2023

    National Kampagne 2023

    Skip to content