Video 2 – Austausch & Community

Austausch an Ënnerstëtzung sinn entscheedend fir d’Wuelbefannen. Mir si vill, mir kënnen eis kenneléieren an eis géigesäitig ënnerstëtzen.

Aktuell gëtt et dëse Video nëmmen op Lëtzebuergesch. Ech wäert nach Ënnertitelen dobäisetzen.

Video Transkript

Essenziell fir mäi momentant Wuelbefannen ass einfach déi Community, déi ech hunn, den Austausch mat anere Betraffenen, mat autistesche Professioneller a mat de Frënn. An déi professionell Ënnerstëtzung hëlleft mir dobäi, fir och kënne schéi Bezéiungen ze féieren. Ech kann Der dat wierklech just recommandéieren. Op mengem Internetsite hei fënns Du verschidden Ulafstellen, déi ech deelweis och selwer matgemaach hunn an déi wierklech gutt hëllefen. Gläichzäiteg wäert ech och hei zu Lëtzebuerg wëllen eng Community méi opbaue vu selwer Betraffener, well et ginn der vill vun eis, a vill vun eis hunn och schonn hir Weeër fonnt fir gutt mat sech an hirem Liewen eenz ze ginn. An dat ass einfach immens angeneem a bestäerkend, wa mir eis ënnerenee kenneléieren a kënne géigensäiteg ënnerstëtzen a mol deen een oder aneren Tipp ginn. Ech freeë mech drop, wann s och Du mat dobäi kënns. Du kanns Dech umelen iwwer E-Mail oder iwwert de Formulaire, och iwwert d’Newsletter. A wann dat weider entsteet, da kriss de Bescheed gesot. Ech freeë mech. Alles Gutts, bis dohinner. 

Skip to content