Video 1 – Wëllkomm!

Ech erkläre kuerz, wien ech sinn an wéi s Du dëse Site benotze kanns.

Momentan gibt’s dieses Video nur auf Luxemburgisch. Ich werde noch Untertitel hinzufügen.

Video Transkript

Gudde Moien, mäin Numm ass Joanne Theisen, et freet mech, datt s De hei bass. Ech sinn autistesch an ech hunn ADHS an dat weess ech nach net esou laang. A virdru war et relativ schwiereg, ech hat vill Challengen an ech wosst net firwat, an ech wosst net wierklech, wéi domadder ëmgoen.

Unverändert:Gudde Moien, mäin Numm ass Joanne Theisen, et freet mech, datt s De hei bass. Ech sinn autistesch an ech hunn ADHS an dat weess ech nach net esou laang. A virdru war et relativ schwiereg, ech hat vill Challengen an ech wosst net firwat, an ech wosst net wierklech, wéi domadder ëmgoen.

Unverändert:

Säit der Diagnos, a säitdeem ech eng Ënnerstëtzung kréien, déi ugepasst ass, geet et mir wesentlech besser. An alles, wat ech bis elo geléiert hunn, wat ech nach ëmmer amgaange sinn ze léieren, wat ech elo weess, dat ginn ech gär op dësem Internetsite un Dech weider. Du kanns op deene verschiddenen Internetsäiten hei kucken, ob eppes derbäi ass fir Dech, Du kanns iwwer Keywords no Theme sichen, déi fir Dech ganz wichteg sinn, Du kanns an den heefege Froe kucken an Du kanns dech och einfach bei mir mellen. Entweder per E-Mail oder iwwer de Formulaire. Interessant kéint och sinn, dass De Dech umells fir den Newsletter. Do wäert ech regelméisseg verschidden Informatioune verschécken. An et si vill Saachen nach geplangt. A wann s Du Iddien hues, Demanden, mell Dech och gäre bei mer. Ech freeë mech op eise Kontakt. Vill Spaass an alles Gutts.
Skip to content