Op dëser Säit
Säit Juni 2023 gëtt et zu Lëtzebuerg déi erfreelech Mossnam „Roueg Stonne” fir méi en autismusfrëndlecht Akafen. Dëst gouf initiéiert vun Nhood an ass bis elo am Akafenzentrum Auchan Kierchbierg a Cloche d’Or ëmgesat, souwéi Mano a Lush an der Stad-Lëtzebuerg, E.Leclerc zu Féitz K-Way, Ernster an Okaïdi op der Cloche d’Or. Aner Geschäfter befanne sech an Testphasen.
D’Entwécklung huet an Zesummenaarbecht mat der Fondation Autisme Luxembourg a mat mir stattfonnt. Et gëtt vill positive Feedback an Ufroen, sowohl vu Clienten, Geschäftsinhaber:innen an der Press.
D’Roueg Stonne kréien den Interessi vum Familljeminister
Am August huet sech de Familljeminister de Projet ugekuckt. An dunn am September prompt eng national Kampagne mat zousätzleche Partner ugefaangen: FLAD, Luxembourg Confederation an IMS Luxembourg. Hei fënns Du de Link zur Websäit mat dem Pressecommuniqué vum Ministère. Méi Informatiounen an Detailer zur d’Kampagne kommen no.
Aktuell ginn et d’Roueg Stonnen op dëse Plazen zu dësen Zäiten:
- Shopping Center an Auchan (Cloche d’Or): Dënschdes vun 15:00-17:00 Auer. Donneschdes vun 14:00-16:00 Auer.
- Shopping Center an Auchan (Kierchbierg): Dënschdes vun 9:00-11:00 Auer. Donneschdes vu 14:00-16:00 Auer.
- Mano (Stad Lëtzebuerg): Méindes, dënschdes an donneschdes vun 9:00-10:00 Auer.
- E.Leclerc (Féitz): Méindes, dënschdes, mëttwochs an donneschdes vun 13:00-15:00 Auer.
- Lush (Stad Lëtzebuerg): Méindes, dënschdes an donneschdes vun 10:00-12:00 Auer.
- Mano (Stad Lëtzebuerg): Méindes, dënschdes an donneschdes vun 09:00-10:00 Auer.
- K-Way, Ernster, Okaïdi (Cloche d’Or): Dënschdes vun 15:00-17:00 Auer. Donneschdes vun 14:00-16:00 Auer.
Wëlls Du Feedback zu dëser Moossnam ginn? Da schéck mer gär eng Noriicht per Formulaire oder E-Mail u contact(at)joannetheisen.com. Du kanns Dech och un déi aner Partner wenden.