Neie Film: Wochenendrebellen

Erscheinungsdatum: 28. September 2023 (Däitschland)

E Film iwwert en autistesche Jong – zesumme mam autistische Jong gemaach 

Ech hunn d’Mentioun vun dësem Film am Newsletter vum Raúl Krauthausen fonnt (28/9/2023). Well ech am Allgemengen interesséiert sinn u Filmer a Serien iwwer autistesch Persounen, hunn ech vill Berichter gelies, fir mir eng Iddi ze maachen, ob ech de Film am Kino kucke wëll. Ech fannen et faszinéierend, datt den Jason an de Mirko soen, dass hir Meenungen a Wënsch zu engem groussen Deel berücksichtegt goufen. Sou stellen ech mir eng erfollegräich Zesummenaarbecht vir: zesummen! 

Weider Infoen zum Film an der Entstehung

Hei sinn e puer Links zu Berichter an e schrëftlechen Interview, déi mir gefall hunn (all op Däitsch). Ech fügen och de Link zum Podcast vu Raul Krauthausen bäi, obwuel ech en nach net gelauschtert hunn, well dat mech zimlech nervös mécht. An natierlech de Link op hir eege Websäit.

Meng Meenung zum Film 

Ech war e lo e Samschdeg, de 7. Oktober kucken. Usech hat ech d’Tickete scho fir de  Samschdeg, 30. September, kaf. Mä an där Woch hat ech vill Programm, sou datt ech et net hikrut, an déi Sëtzung ze goen, bzw. de Choix getraff hunn, dat sinn ze lossen.

An ech fannen de Film einfach nëmme fantastesch!! Eng absolut Empfielung vu menger Säit aus. Wann och mam Hiweis, fir hypersensibel Persounen, datt eng Partie Effekter an e puer Zeene kënnen iwwerreizend sinn, visuell, auditiv an emotional. Hat ech och am Virfeld scho gelies, dofir sinn ech éischt gaangen, wéi ech relativ an der Rei war. 

An nächster Zäit wäert ech weider dozou schreiwen. 

D’Engagement vun den Elteren 

Wärend dem Liesen vum Bericht ass mir bewosst ginn, wéi d’Elteren vum Jason hiert Liewen ëm hien organiséieren a wéivill si him ginn. Dat fannen ech ganz beandrockend. Et léisst mech un Elteren denken, déi ech kennen, déi sech staark fir hiert autistescht Kand asetzen a vill Kämpf féieren, fir em de Schoulbesuch oder d’Aarbecht z’erméiglechen. Meng eegen Elteren gi mer och wäertvoll Ënnerstëtzung. Bezüglech Elteren sinn ech sécher, dass ech nach Videoen maachen oder Texter schreiwe wäert. 

Schreif mir Deng Meenung zum Film! 

Wat ass mat Dir? Wäerts Du de Film och kucke goen? Schreif mir gär wat deng Grënn dofir oder dergéint sinn a wat Deng Meenung dozou ass! E-Mail op contact(at)joannetheisen.com. 

Wording, Autismus-Opklärung a Cripping up 

Weider Bemierkung, well ech mech grad duerch de Website vun de Wochenendrebellen klicken. Dräi ganz interessant, nuancéiert formuléiert, kritesch a kloer Bäitreeg zu den Themen Wording, Autismus-Opklärung a ‘Cripping up’.

Skip to content