–
7. Februar 2024
D’Fondation Autisme Luxembourg freet sech, Iech fir hir nächst Konferenz z’invitéieren: „Pubertéit a Gefillsliewen bei Persoune mat ASS (mat oder ouni intellektuellen Defizit)“, Mëttwoch, de 7. Februar 2024.
D’Konferenz gëtt vum Dr Isabelle Hénault gehalen. Dr Hénault as Sexologin a Psychologin, an Directrice vun der Autismus- an Asperger-Klinik zu Montreal, Kanada. Hire Master a Sexologie an hiren Dokter a Psychologie krut si an der Université du Québec zu Montreal. Dr Hénault huet Fachkenntnesser an der Aarbecht mat Asperger-Persounen entwéckelt, virun allem an de Beräicher vun tëschemënschleche Bezéiungen a Sexualitéit. Si ass Autorin vun engem ugepassten sozio-sexuelle Bildungsprogramm a schafft och u verschidden international Fuerschungsaarbechten zum Thema Sexualpedagogik a Psychotherapie. Si huet iwwer zwee an en hallwe Joer un der Klinik vum Prof. Tony Attwood an Australie geschafft.